Verschiedenes:
04.10.2009
Äntwert op den Artikel vum Nic Krings vum 01.10.2009 an op aner Mailen déi net am Forum stinn.
Här Krings,
Ech weess net wat dir perséinlech géint mech hutt, well menges Wëssens hunn mir nach ni iwwert iergend Problemer vun der Fëscherei diskutéiert. Dir gräift mech an all ären Artikelen un, am Forun oder an aneren. Mäin Artikel am Forum ass meng Meenung iwwert alles waat ech an 27 Joer op den Concoursen erlieft un, dat wat ech opgezielt hunn, waren nach net ee Mol 10 Prozent vun Dommheeten. Wann dir eng aner Meenung hei zou hutt, well ech selbstverständlech gären respektéieren. Weiderhin huelt dir Iech d'Fräiheet Memberen vum V.R. als „Hampelmänner déi näischt géint Näischnotzen ënnerhuelen, Beispill: Koenig. Wat dir bei der Verhandlung derbäi? Dass dir uerteelen kënnt?
Dann lamentéiert dir ëmmer iwwert den Fëschbesaatz. Jo et ass wouer dass 2009 keng Wäissfësch agesat goufen. Awer net nëmmen op der Mëttelsauer, neen och Musel, Grenzsauer, Our an Stausee kruten näischt. All Explikatioune hei riwwer gouf et an der Versammlung vun den Gewässerkommissiounen. Dir sidd Member vun der Mëttelsauer an Our Gewässerkommissioun, waart awer déi lescht 4 Joer ni do, firwat? Hei hätt dir Geleeënheet gehat mat villen Memberen vum V.R. éierlech, konstruktiv an fair ze diskutéieren. Ech kann Iech versécheren dass ech déi 4 Joer wo ech fir den Besaatz zoustänneg sinn, alles wat méiglech war gemat hunn, fir een korrekten Besaatz iwwerall, an besonnesch fir Mëttelsauer, déi mir wéi och Iech besonnesch um Häerz leit. Den Max Lauff kënnt dir froen, wéi oft dass ech mat him iwwert den Besaatz Mëttelsauer diskutéiert hunn!
Weiderhin sinn ech ëmmer bereet mat all Fëscher iwwert hir Problemer ze schwätzen.
An engem vun ären Mailen sot dir „dat bescht wier wann dësen Här d’Konsequenzen géing zéien an ganz doheem bleiwen géif“
Här Krings, bei der nächster Wahl vum V.R. setzt dir Iech op, an dann kennt dir direkt weisen wat dir kënnt. Meng Plaatz kritt dir direkt. Ech wäert Iech ni kritiséieren, well ech weess mëttlerweil wéi schwéier et ass.
JM. Becker
01.10.2009
Ech muss mech nach eng Kéier mellen.
01.10.2009
Gedanken iwwer Eis Fëscherei
1. Nom Gilsdrëfer Sauer Concours goufen vill Bemierkongen gemaach iwwer déi
Zorte Fësch, déi vun verschiddene Fëscher gefaang gi sënn.
Natierlech ass bekannt datt et där Fëscher ginn, déi onbedéngt wëlle gewannen an
deenen all Mëttelen Recht sënn fir dat ze realiséieren.
Dat dëst nët onbedéngt fair Mëttelen sënn, ass och bekannt - mee och dës
Fëscher, déi zou onfaire Mëttelen gräifen, sënn bekannt.
Dofir wär et ubruecht fir dëse Fëscher op d’ Fanger ze kucken an méi streng
Moossnamen bei dësen verdächtegen Figuren a Punkto Kontroll vun Fësch
Équipement, Fudder an Auto an ze féieren.
Dofir entweder Stéchprouwen op enger Fësch Streck oder geziilten Kontrollen vun
verdächtege Fëscher!
2. Ech wëll awer och meng Meenong iwwer de Fësch Bëstand an der Mëttelsauer
soen.
Bekanntlech ass dëst Joer kee Wäiss Fësch Repeuplement gemaach ginn, an doduerch
sënn dës Fësch no de Wanterméint, während deenen Kormoranen ongestéiert de Fësch
Besaz vun 2008 opgeraumt hunn, rar ginn.
Ass et dofir verwonnerlech, dat d’ Veräiner, déi ee Fësch Concours op der Sauer
organiséiert hunn, sech de Kapp zerbrach hunn, wat ze maache wier fir dat d’
Sportfëscher net ëmsoss bei d’ Waasser sëtze kéimen.
Concours ofsoen – oder gouf et eng aner Méiglechkeet?
Jo , et gouf eng – an zwar déi fir selwer dofir ze suergen dat e puer Fësch an
d’ Waasser kéimen wou de Concours ofgehal sollt ginn. Mat Sauerstoff Pompel a
Pëllen war et méiglech fir Fësch, déi aus anere Gewässer gefaang goufen iwwer
laang Distanzen schounend ze transportéieren fir an der Mëttel Sauer aus ze
setzen. Dës Method huet d’ Organisateuren vill Méi, Zäit an och Geld kascht, mee
et huet awer duerzou bäigedroen dat op deenen 2 Mëttel Sauer Concoursen méi
Fësch gefaang goufen wéi bei dem Amicale Fëschen vun der Entente du Nord, wou 80
% vun de Fëscher näischt gefaang hunn.
Et kënnt also sënn dat op de Sauer Concoursen där Fësch gefaang goufen, déi
virun e puer Méint nach net an der Sauer mee an der Musel , Stauséi oder am SEO
Barrage doheem waren , z. B. Bréissem, Routa an Blénkert.
3. Muede Fidderen an der Mëttel respektiv der Ënner Sauer während engem
Concours.
Dëst ass laut Reglement verbueden. Dat dëst Verbidden net gräift , an dat et
ëmmer erëm Sport Fëscher gëtt déi dëst Reglement net respektéieren, dat ass
bekannt. Ech gleewen och net dass dëst jeemools ganz ënnert Kontroll ka bruecht
ginn. Et gëtt nëmmen ee Wee fir dëse Problem ze léisen, an deen heescht :
Absolut Verbidden mam Fleesch Mued an der Sauer ze fëschen - oder awer wat
wahrscheinlech éischter vun de Fëscher acceptéiert gëtt : Erlaben dat souwuel a
Mëttel wéi an Ënner Sauer mat Mueden duerf gefiddert ginn.
Nic K
24.09.2009
Ech wöll just dem Freddy soen,
23.09.2009
22.09.2009
Elo ass d'Vereinsmeeschterschaft gelaf. Duerch Bank waren manner Fëscher op den Concouren! Een vun de Grënn ass bestëmmt den Fëschbestand, awer fir mech sinn nach aaner Fakten déi hei spillen. Ech sinn 27 Joer op praktesch all Concours matgaangen, waat ech do alles gesinn hunn, geet leider net op déi berühmte Kouhaut. Leider ass et mat den Joeren net besser ginn, vill vun deenen Onéierlechen oder sinn et Onverbesserlecher oder déi et ni léieren, sinn all nach ëmmer derbäi. Vill sinn schon am Alter, awer Dommheeten bleiwen net aus! Sinn et fidderen vun Literen Mueden op der Mëttelsauer an Stau, iwwerbleien oder Fësch op Platzen fänken, wo déi Zorten schon säit Joeren ausgestuerwen sinn. Just een "Fescher" huet et fäerdeg bruecht net nëmmen een vun daer Zort méi eng ganz Serie ze fänken, déi aner an der Rei waren sécher ze domm?
Sou ginn Leit verrascht. All déi um Concours deelgeholl hunn, waren Murges mat Zeiten op, hunn Fouilles, Vers de Vase etc. kaaft, an der Hoffnung een oder deen aneren Fësch éierlech ze fänken, waren den ganzen Murgen vun der Famille fort, an firwat, mä fir vun Onéierlechen verrascht ze ginn. Ech fir mäin Deel hunn Konsequenzen gezunn, ginn net méi mat, an Schluss.
Ech sinn der Meenung dass Veräiner bei deenen déi pur, et sinn der jo nëmmer eng Hand voll, déi mir zum Deel alleguerten kennen, lizenzéiert sinn, endlech hir Verantwortung huelen sollen. Hei sinn déi concernéiert Veräiner gefuerdert, an et soll jo lo keen kommen an soen se wéissten vun näischt.
JM. Becker
17.09.2009
Saluti
Ech sin och Fescher mee wei laang nach?
Laut eisen VELOSPILOTEN sin ech alles vun A… bis W…. ass alles do.
Mir sin jo nach just den letzten Dreck.
Ech mengen ech bleiwen dann am Bett, mee do ass och keng touch mei…..:-)
DAN
Salut dobaussen
Furen elo seit mei wi 5 joer an Ausland op verschidde Karpodrome feschen wat jo och e beschen Geld kascht (permis Benzin a.s.w.)Do stellen ech mir di fro a denken net alleng ze sin wisou hu mir hei am Ländchen net och den een oder aaneren wu mer dach vun Wintreng bis op Schengen esouvilll Weieren hun Ok Peiteng huet eenen awer menger Meenung no kint deen 3mol mi grouss sin
24.08.2009
Hallo;
Ech sin een passioneierten Fescher . Hun och emol Concouren gefesscht an och
Compétitioun awer weinst Mangel un Zeit gin ech nach just fir mech feschen.
Ech gin ganz gaeren op Musel an op Sauer feschen , well ech wunnen jo och 500 m
vun der Sauer ewesch.
Elo hun ech awer emol eng Frô .
Des lescht wei ech op Musel feschen war , hun ech gesinn dass do Fescher stungen
dei mat 2 bis 3 Staangen gefescht hun. Well natierlech keen uscheissen , mei
einfach emol wessen waat op eiser Musel an Sauer erlabt ass an wou een esou een
Reglement kann kreien .
An Hoffnung op eng Aentwert , wenschen Ech Iech Fescher alleguerten Petri Heil .
Fred
Kommentar
.......op eiser Sait enner Sekretariat fannt der all Info iwert eis Gesetzgebung am Detail
22.08.2009
Feschstierwen um Stau ???
Geschter huet mer een Taucher bericht, hien hätt zu Lultzhausen ..Ufang July lauter kapotten deck Fesch um Fong gesinn leien. Och wieren bei weitem net mei esou vill Fesch ze gesinn wei soss.
Huet nach een esou eppes heieren, oder wees een eppes heiriwer ? dann schreiwt mer eng Mail wgl.
Claude
14.08.2009
Frendlechts
13.08.2009
31.07.2009
30.07.2009
Skandaleis Zoustänn zu Ingelduerf
Di lescht Woch wor ech mol rem eng Keier op Ingelduerf
feschen.
Ingelduerf, wor an der Zait eng gudd Adress fier Aeschen ze fänken, souwuehl mat
der drechener Mech an dem Steck direkt enner der Holzbreck, wei och mat der
Nymph an der Stränkt en bessen ennen drenner. Ech sinn dunn niewen der Holzbreck
Richtung Sauer gaang, do ass elo aus Haasteng een sterillen Kanal gebastelt ginn
wou den Doud direkt ant Sauer gespullt kann ginn..
Um Enn vun dem Kanal, wou en ant Sauer mündt, huet sech een klengen Dempel gebild, wou sech regelmeissech eng onmass topesch Brutfesch sammelen. Well awer durch den Kanal do scheinbar net nemmen Reenwaaser kennt, stiewen di Brutfesch dann och an regelmeissechen Oofstänn..., an esou och di lescht Woch. Et luchen mindestens 50 Brutfesch um Reck, an nach eng Keier esouvill sinn zukend am Dempel geschwonn. Dunn huet et ugefaang ze Reenen, an den Dempel ass erem ausgeschwemmt ginn, an Fesch sinn mat eroof gedriff ginn, an Richtung Strengt, wou secher schon Forellen ant Minnen drop gewaart hun fier di futtis, vergeften Fesch ze friessen....den Dempel huet sech noom Reen dunn rem mat neien topeschen Brutfesch gefellt .....
Wann een lo dervun ausgeet, dass daat do sech regelmeissech widerhellt, an siew et nemmen eemol den Daag dann sinn no engem Mount keng Brutfesch mei zu Ingelduerf, an Forellen an der Strängt hun zumindest ferm den Bauch wèi.
Weini begreifen di Verantwortlech, dass et net gudd ass, sougenannten Uewerflächenwaasser direkt an eis Fless an Baachen ze keieren...Leider ginn domat souvill Geftstoffer, souwouhl vun eisen Stroossen, Plaatzen, an falsch ugeschlossen Hausoofwaasserkanäl mat oofgeleed.
Et mussen Reckhaltebecken gebaut ginn, wou daat Waaser sech kann meschen, oofsetzen, an am Noutfall och kann zereck gehaal ginn....leider hun Fesch ant Fescher scheinbar keng Lobby mei...
Ps: et wor iwregens net een Fesch zu Ingelduerf , deen sech meng kenstlech, nach eng natierlech Meck geschnappt hätt.
Claude
30.07.2009
Ech sinn enttäuscht
Léif Fescherfrönn. Et ass nees esou wäit. D’Föscherei ass nees op, an et könnt eng Hiobsbotschaft no där aanerer. Déi éischt war jo an de Medien, dass d’ Fösch op der franzéischer Musel ongenéissbar sin. Ass an och an der Sauer de Fall? Ech sin keen dee Kiloweis Fesch esst awer heiando e puer .D’ Sauer soll jo nees esou propper sin, dass nees dran geschwommen kann gin. En plus koum laut Medien d’Grenzgewässerkomissioun seit 2007 nött méi zesummen.Och gin Zuelen vun de Kapo’en op de Konkuren ömmer méi erop, an vun de Bedeeelegten nach wieder zereck( sin keen Konkurfescher). Waat gött daat nach. Et huet een besser et geet een op d’Weieren föschen an fänkt een propper a gesond Fesch. Wou geet daat Geld vun de Permis hin. Also ech sin enttäuscht. Ech wees nött op ech 2010 nach e Permis maaachen. Gréiss an Petri Heil. Dario
Dario
Heng
Waasserski zu Waasserbëlleg an allgemeng.
Léiwen Här O.
Ech kennen naischt vun Fescherei an
naischt vun Sportfescherei, esou wéi et ausgeseit dir naischt vun Waasserski.
Et gin am ganzen zu Lëtz 36 Muselkilometer. An deenen 36 Km gin et 6
Waasserski zonen, dobei ass dei gréist 1 KM (Réimëch) an dei klengst
Waasserbëlleg mat 500m. Grob gerechent sin et dann ca 4KM Waasserski
zonen. An deenen Zonen mussen mir bleiwen, waat erklärt
wisou een rop an roof fiert. Et kënnt mol vier dat een aus der zone raus
kennt oder raus muss fueren well eng Pénich kennt, déi fäll sin ganz raar.
Bon Dir huet dann nach 32 KM wou dir föschen kënnt. Vun den aneren
Flëss nit ze schwätzen (ech wees elo nit op et plaatzen gin wou dir nit
duerf föschen), Dann verstinn ech nit, wann Waasserskibooter, d’föscht
stéieren, dir nit ausserhalb vun denen Zonen föschen gitt, wann dir esou
vill plaatz huet? Dir losst jo och nit ärt Kannt op der
Stroos spillen, wann der wësst dat bessi mei weit eng spillplaatz ass. Mir
mussen leider an der Zone bleiwen an gleft mer, mir geif vill léiwert eng
kéier ganz rop an eng kéier ganz roof fueren.
Zu Réimëch, wou ech fueren, huet een Föscher eng kéier Steng op mëch geheit.
An enger aaner Zone huet eng kéier een Sportföscher seng Schnouer firun den
Skieur geschoss, esou dat en d’Schnouer ëmm den Hals kritt huet. Esou
geschichten héiert een all Joer rem. Ech fannen daat immense traureg.
Dei mëescht Waasserski club’en op der musel gin et schons seit joeren an sie zu Waasserbëlleg haaten eben keen Boot méi seit 20 Joer. An wéi gesoot, ech kennen naischt vun Föschen, mee esou wéi Musel zu Bëlleg stengt, kann jo baal keenn fösch méi do sin. Mat den Schëlder gin ech ierch recht, mee daat ass nit nemmen bei der Föscherei, mee eigentlëch bei allem. Alles gët méi restriktiv awer wierklech alles. Froen mëch wou daat hin geet.
Ech hoffen ech konnt ierch elo bessi d’siischt vun engem waasserski fueren erklären an hoffen dat mer besser “laanschteneen” kommen, wann mer eis Sportarten ausüben.
Pascal
------------------------------------------
Waasserski zu Waasserbölleg
Et ass déi lescht Jaren schon net méi schéin ze föschen, well den Föschbestand emmer méi zeréck geht, firwaat wëssen mir jo all.
Ech kommen en wéineg vum Thema Kormoran ewech. Waat ech wössen wöll, wéi ass et méiglech, dass während der ganzer Saison op Sauer an Our all 1000 m. der Kanuverleiher sech haislech néierloossen. Do ass während der Saison iwwerhaapt net méi ze föschen. Op der Musel, Motorbooter,Jetski. Wou kann een nach a Rou föschen. Just op privat Weieren. Ech maachen geschwönn keen Permis méi. Géint 5-6 der Kanuen hätt jo keen eppes, awer all véierel Stonn 40-50 daat ass deers Gudden zevill.
Mat frendlechen Gréiss
Prim Jean

Seit Anfang Oktober ist der Pegel der Sauer für die Jahreszeit
ohne übermäßigen Regendurchschnitt bis zu 30 cm über normal.
Ein vernünftiges Angeln ist ab einem Pegel von 80 cm nicht möglich, ganz
abgesehen vom Fliegenfischen.
Sogar ausländische Kollegen haben sich bei mir gemeldet, mit der Bitte um
Auskunft.
Auf Nachfrage beim Wasserwirtschaftsamt wurde mir bestätigt, dass zuletzt im
Jahr 2003 solch ein ungewöhnlicher Pegel gewesen wäre.
Ein Grund für die derzeitigen Höchststände wurde mir nicht genannt.
Ich bin jedoch der Meinung, dass auch im Jahr 2003 der Pegel nicht so lange (
inzwischen ist es März ) über einem Meter lag.
Leider werden auf
www.inondations.lu keine Jahresdurchschnittpegel veröffentlicht, schade
drum.

.....kein Regen, aber Hochwasser?????????
Ech wollt froen waat de Moment an der Sauer lass ass? Eng Trauregkeet dass een 3 - 4 Stonnen do setzt ( laanscht de Waasserbelleger Camping) ouni eng eenzeg Touche......kee Witz mool keen Blenkert. Gescht war ech zu Rosport am doudegen Aarm. Verknascht ass keen Ausdrock.Dass d' Sauer nött dee propersten Floss ass, daat ass gewosst awer esou eppes hun ech nach nie erlièft. Et muss een jo keng masseg Fesch fänken 3 - 4 Blenkerten fir op de den Raubfesch wiér duer gaang. Wou steiert déi ganz Fescherei hin? Geet déi Generatioun no ons nach an ons Fless feschen? Ech glewen nött drun.
Traureg, traureg.
Zum zweiten Mal innerhalb eines Jahres wurde der Fluesweilerbach vergiftet ( zum ersten Artikel )
Artikel aus dem LW vom 10.10.2007.
Eine einzige Lobeshymne auf Bürgermeister Weirich aus Flaxweiler...welcher bis dahin nichts konkretes unternommen hatte, damit sich die Zustände in seiner Gemeinde ändern....
Genau zum Jahrestag der letzten Katastrophe wurde der Fluesweilerbach erneut vergiftet.
Was sich am Dienstag, dem 02 Oktober 2007 mit einer schwarzen Brühe und Schaum auf dem Wasser ankündigte wurde traurige Gewissheit. Abermals haben die Bauern der Gemeinde Flaxweiler ihr Silowasser in die Kanalisation gespült. Wie bereits letztes Jahr entwickelten sich rasch Schwefelbakterien, welche übel stinkend durch die Ortschaft Wecker in die Syr fließen.
Die wenigen Fische welche sich im Bach befanden, dürften auch dieses Mal nicht überlebt haben.
Auf Anfrage der Pächter nahm das Wasserwirtschaftsamt Proben der giftigen Brühe. Der Ursprung des traurigen Schauspiels ist den Verantwortlichen der Gemeinde und der Ministerien bekannt. Die Brigade Motorisee der Douane Wasserbillig , sowie die Polizei Grevenmacher verweilten vor Ort und nahmen die Sauerei zu Protokoll.
Die Pächter vertrauen auf die Justiz um die Schuldigen zur Rechenschaft zu ziehen, zumal es sich hier um eine Wiederholungstat handelt. Desweiteren ist es höchste Zeit, dass die Siloanlagen in ganz Luxemburg auf einen für die Umwelt verträglichen Stand gesetzt werden, es wird Zeit, die Schläfer in den Ministerien wachzurütteln.
Kommentar zu "2Divisioun"
Leiwen FG54,
fir den Zoustand vun eiser Musel an Sauer kann keen Feescher
vun der 1ter Divisioun, an och keen vun der 2ter
Divisioun.
Waat deen Kommentar vun 100 km ubelaang sidd dir falsch informeiert.
Letzebuerg, ass wie an all Sportart ewen
net professionell. Mir sin emmer nach
een klengt Land. Den direkten Vergleich mat den groussen Natiounen ze
huelen
ass falsch. Ech fannen persönlisch, dass mir als klengt Letzebuerg eis
emmer gudd verkaafen. Jiddereen deen eis
Farben
am Ausland vertrett geet mat dem Ziel
dohinner och eppes ze erreechen. Mir hun an den leschten Joer gudd
Resutater gemaach, dozou stin ech. Ze
Kritiseieren ass einfach. Alleng deen Satz, "Männer firwaat daat gaanzt"
sprecht fir sech.
Waat Frendschaft ungeet fängt schons mat dessem Kommentar fun Ierch
un. Duerch sou Artikelen gin Meehnungen
an Diskussiounen un. Et gin emmer Leit die sinn nie zefridden ze stellen.
Hun un alles eppes auszesetzen, awer,
wann et heescht, komm mir setzen eis zesummen
an kucken waat mir änneren können, dann sin se net mei doo.
Ech gin Ierch Recht, dass die 33 Fescher vun der 1ter an der 2ter
Divisioun am Moment vill
Duerchhaalungsvermeigen brauchen. Dofir vun mir decke
Respekt.
Et ass net einfach zur Zeit fir eis Fescher.
Awer jiddereen eenzelen vun eis mecht
sein Hobby mat Härz an wellt dest och nach an Zukunft weider maachen.
Dofir FG54 schafft mat eis, ech
lueden Ierch gären an den Komitée vun der Sektioun an.
Gemeisam kucken mir dann dass mir fir
Zukunft Fescherrei insgesamt rem mei interessant maachen.
Dir sidd den Mann dofir.
John Grün
Sekretär fun der Sektioun
PS: Schreiwen alleng an mengem Numm.
FG54
Terroristen mit Fliegenhaken….05.09.2007
Wie lächerlich der ganze Sicherheitswahn an deutschen Flughäfen gehandhabt wird, musste die luxemburgische Nationalmannschaft im Fliegenfischen auf ihrem Weg zur Europameisterschaft in Norwegen kürzlich am Flughafen Frankfurt/Hahn erfahren.
Wegen 200 Fliegenhaken der Grösse 12 ( zirka 12mm Länge, Gewicht insgesamt 2 Gramm ) welche ein Mitglied der Mannschaft irrtümlicherweise im Handgepäck mit sich führte, wurde ihm der Durchgang in den Check-in Bereich verweigert. Um nicht als Terrorist verhaftet zu werden mussten die Haken als Gepäck aufgegeben werden. Inklusive eines vor Ort zu kaufenden Rucksackes und der Aufgabe des Gepäckstückes entstanden somit Unkosten von 32,50.-€ für nichts und wieder nichts. Kosten, welche mit ein bisschen guten Willen, Menschenkenntnis und Verstand hätten Vermieden werden können.
Vielen Dank an Ryanair.
Den Nol op den Kapp 12.07.2007
FS
Und wieder
ein Bach ist tot..... 01.10.2006
Der Flaxweilerbach ist tot.
Wieder einmal, wurde durch gleichgültiges Handeln, ein Stück Natur getötet.
Diese Katastrophe kann und wird sich früher oder später überall wiederholen, wo
Gleichgültigkeit und Profitdenken oder auch Bequemlichkeit vorherrschen....Ihr
hab's schon gemerkt, ich rede von (fast) ganz Luxemburg.
Der Bach kippte wohl, weil 40 Jahre lang nichts am Abwassersystem verändert wurde obwohl die Einwohnerzahl der Gemeinde jährlich zunahm und weil die Bauern der Umgebung ihr Silowasser und die Gülle nicht fachgerecht vom Kanalsystem getrennt haben. Beides zusammen ergab einen tödlichen Cocktail .
Natürlich will es keiner gewesen sein, aber vor allem, es hätte überall in Luxemburg passieren können.
Ich möchte sicher keinem Bauern zu nahe treten, denn sie haben einen schweren und wichtigen Job. Wenn ich aber sehe, wie nachlässig die Mehrzahl, der von mir besichtigten Silo- und Mist- und Jauchegruben von der Kanalisation getrennt sind, dann soll mir keiner hier was erzählen.
Wenn ich sehe wie immer wieder Unmengen von Misthaufen auf den Feldern zum Verrotten deponiert werden und diese Haufen über Monate liegen bleiben und das Sickerwasser seinen Weg in die oft nur wenige Meter entfernten Bäche findet, dann soll mir keiner hier was erzählen.
Wenn ich höre dass keine einzige Kellerei an der Mosel mit irgendeiner Art von Klärsystem versehen ist, und diese hochgradig gärende Brühe stinkend in die Mosel läuft, dann soll mir hier keiner was erzählen.
Wenn ich sehe, dass die Großbäckerei Fischer in Roodt-Syr, seit ihrem Bestehen mächtig Profit scheffelt und immer größer wird, was ihr gutes Recht ist, aber keinen Gedanken an ihre Abfallbeseitigung verschwendet, und ihr mehliges, weißes Abwasser immer wieder in die Syr laufen lässt dann soll mir hier keiner was erzählen.
Ich könnte noch unzählige solcher Beispiele aufzählen und jeder in Luxemburg kennt noch 10 Weitere aber es geschieht nichts.
Der Staat, und nicht zuletzt wir selbst haben total
versagt.
Es ist uns egal, solange es uns nicht selbst betrifft.