8- Knaschtsäck
Ech war mir haut eis Mousel ukucken, elo wou se ofgesenkt ass. Ech hunn des puer
Biller gemaach zu Remerschen beim doudeschen Arm. Et get jo vill domm geschwaat,
dass mir Fescher eisen Dreck emmer iwerall gengen leien lossen an dass mir et
wieren dei en groussen Déel gengen derzou beidroen dass eis Mousel an hier
Uwänner gengen erausgesinn wei en Dreckstipp.
Komesch, dass d’Fescherei nach emmer zou ass, nach kén Fescher beim Waasser ass, d’Fescher ereischt Botzaktiounen haten, an dass d’Uwänner an die puer frei Platzen lanscht Mousel elo schons erem ausgesinn wei eng Dreckskescht.
Bescht Greiss
Binz Serge
Member vun der FLPS
Ech léissen regelméisseg den Forum vun der FLPS. Affaire zou Réimech, wou Gargoullen eidel gemaach ginn sinn, an dournô dan den ugeschwämmten Boudem zereck an Mousel gepompelt ginn ass, ass schon en stärkt Steck Toubak. Mée et soll éen et vun enger annerer Séit kucken. Den Boudem déen zereck gepompelt get, daat ass nach OK, mée waat ass mat all déem Knascht, déen net vun der Natur kann owgebaut ginn??? Elô kennt natiirlech nées daat onendlecht laang Thema op: Wéi stéet et mat enger Kläranlaag. Do ass eisen Problem. An soulang déen net geléist get, an ech sinn mir secher en geet nie geléist, soulang léeft och weider den Knascht an eis Musel. Ech denken dô och un den Quai flottant, déen zou Maacher an noher Zait angeweidt get. Op der ganzer Längt vun dem Quai, all Fescher wées et, sinn am ganzen drei Kanalréier an Mousel gelaaf. Fescher, déi um Championnat op dénen Plaazen soutzen, konnten hir Filange dourno um direkten Wée an Dreckskescht geheien. An elo, wou sinn déi Drecksréier hinn. Et misst um Dag vun der Anweiung esou op dem Quai stenken, daat et jidderengen Invités géif schlecht ginn. Mée ech sinn mir bâl secher, dass se déi Réier op eng aaner Platz emgelucht hunn, wou mir als Fescher nach eng kleng Plaatz fannen, wou mir eisem Hobby nach no kennen goen. Wann nach kéen et geméirkt sollt hunn, mir ginn lous an lous verdriffen. Et gett elo Zeit, kommt mir wirren ons, soss kennen mir eis Staangen geschwenn bei Tomaten setzen. Den Daag vun deser Anweihung missten mir eis zesummen doen, an mat groussem Getöse op eist Problem opméiksam maachen.
Virun kuerzëm sinn ech vun enger Réimechër Madame ugesprach ginn, an Sie
sôt mir, dass d'Gargoullen a Réimëch eidel gemaat gi wiiren. Sie wär
allerdings stoark erstaunt gewie'scht, wéi Së hu'et misse feststellen,
dass déi betreffend Arbëchter amgaang woaren, den Dréeck deen se aus
den Gargoullen gesuckelt haaten, an d'Musel laafen gelooss gun! Op
hiir Frô hin, waat déi betreffend Colonne géif maachen, woar d'Äbtwërt
déi hei!!!!!
Den Dreck ass aus der Musel komm, also geet ën och hannescht!.......sans
commentaire...........
Ët soll kee méi soën, eis Musel wiir propper.
Suiten?!
Noel Arm.
Well ech als Webmaster daat net wollt sou am Raum stoen loossen, hun ech mech op der Gemeng gemellt, an krut dess Äntwert vum Haer KOX:
"Moien
Här Strotz,
ech hu mat Intressi ären Email gelies.
Fro vun der Réimecher Madame ass secherlech berechtegt fir erauszefannen
wou den "Dreck" deen ugeschwemmt gouf erem hi kennt.
Hei muss een awer vläit schonns direkt differenzéieren an net vun Dreck
schwetzten. Et sinn ugeschwemmte Sedimenter also souzesoen Bueden kleng
Steng ansouweider, also natiirlech Material dat säit Joartausenden vun
der Musel transportéiert gëtt.
Wann noom Héichwaasser Stroossen an d'Esplanade vun iissem Service
gebotzt ginn, fléisst Botzwaasser direkt an d'Musel sou dat een effektiv
kann dervu schwetzen wéi den Aarbechter geäntwert huet "Wat Musel iis
bruecht huet, kritt si zréck". Iwwer d'Form vun der Äntwert kann een
secherlech anerer Meenung sinn!
Nach haut gëtt a Länner vun dëse natiirlechen Iwwerschwemmungen
profitéiert. Déi Sedimenter féiere nämlech och natiirlech Nährstoffe déi
beim Wachstum vu Planzen gebraucht gett.
Leider ass an iiser Regioun dëst net méi méiglech, well d'Musel säit den
60s-Joaren kanaliséiert ass. Dëst Sedimenter ginn dofir och regelmässeg
aus der Musel erausgebaggert fir d'Schefffuart kenne z'assuréieren.
mat beschte Gréiss
Henri Kox, Schäffe vun de Gemeng Réimech"
Dorop hinn mengt den Arm.
Eng Antwert krut ech dunn eigentlech net mei vum Haer Kox, deen huet awer ganz frendlech gemengt, et soll een him uruffen, hien giff dann gaer Ried an Äntwert stoen..
Et wier villeicht interessant ze wessen, op nach een di seltsam Praxis zu Reimech nogekuckt huet, oder nach soss , sou Geschichten wees..
Avis aux amateurs.
WÉI ASS ËT MAT DER WOURÉCHT ????
OB DER ROMMWISS !!!!! DEN DAG DUERNO.
DOUCEN TURISMUS ODER ARBECHT FIR DE STAAT AN GEMENGEN?
Ët geet och ouni Dreck. Fëscher huelen hiren Knascht mat heem.
Nët nëmmen de Fëscher, mee och de Pompjeen an Ambulanzen ass hei de Wee verspart.
VERS MAISON NITCHKE ....FOTOEN VUN DER STAUSÉIKOMMISSIOUN.
Salut all zesummen,
et ass wuel e Witz wi mir Fescher di letzt 5joer regelrecht
veraarscht gin wann ee geseit wat mat eiser Kloak (musel) passeiert.
iwerall gi Pontons gesaat. Uferbefestigungen a form vu decke Steen di
einfach vum waasser aus dohi geschmass gin dat keene mei sei Kuerf esou
histelle kann ouni angst ze hunn e been ze briechen velosweer wu een bis
op zerklappen streide muss wa mol eene meent dee wee waer nemmen mam
velo ze befuren obwuel mir aaner e Permis bezuel mussen fir iwerhaapt
bei d`waasser iis ze setzen.An dann hu mir jo geschwenn erem di
Johreszeit errecht wu et zu Waasserbellig beim Haussboot erem lass geet,
vill Pallaver ass gemeet gin (Polizei, Douane ,Biirgermeeschter, Artikel
an Zeitungen, Nol op de Kapp a s w) a wat ass geschitt ? An dann nach di
Geschicht vun iisem Touristescheff Marie-Astrid dat e Samsdech virun 8
Deeg moies vu Maacher op Waasserbellig geflun ass dat zu Maertert
Material vun e pur Kollegen an d´Musel geschwemmt gi sin awer villeicht
war de Kapitän jo ????
Mir sollen iis all schummen, all deene Saachen do tatenlos no ze kuken.
Gudde Moien,
Een interessanten Thema, deen ech mat vill Intérêt verfollegen.
Fir éischt wëllt ech awer dem Webmaster villmools merci soe fir schafe vun dësem Dikussionsforum.
U sech sprécht de Jacques 2 Themen un.
1. Fëschereiverbued op der Sauer a Stau.
2. Propper Uwänner.
Dënn 1. Punkt ass net nei, kennt leider ëmmer erëm op Tapéit, an ass leider elo zimlech aktuell.
Duerch melle vu verschiddenen "Habitater" op Bréissel ass dënn Ëmweltministère gezwongen dës Dossier'en virun ze dreiwen. No laangen Discussiounen am Ëmweltministère hu Vertrieder vun dem V.R. esou gutt ewéi sécher e Fëschereiverbued op der Sauer (op der Fam an un der Ralingerschleef) ofwänden kennen.
Um Stau steet e Fëschereiverbued tëschent der Misèr's Bréck an der Neimillen am Raum. Och hei ass de V.R. zesumme mat der Gewässerkommission vum Stau an dënn 3 Stauseevereiner an dënn néidegen Discussiounen. Leider ass dësen Dossier nach net so weit.
Wat Propretéit ronderëm eis Gewässer ugeet ass op gutt lëtzebuergesch gesot eng Sauerei. Hei sinn all Fëscher gefuerdert. Eng Botzaktioun oder meh si bestëmmt noutwenneg. Ech weess awer dass déi lëscht Joere kee groussen Intérêt do war. Zuelen vun dënn lëschte Joere beweisen dass ëmmer manner Leit deelgeholl hunn.
Et hu leider nach ëmmer verschidde Fëscherkollegen (et sinn der leider net wéineg)net begraff, dass eng gewëssen Attitude Vertrieder enger Emweltorganisatioun net würdeg ass. Dat huet ebe mat Récksiicht op de aner an Erzéiung ze dinn.
JM. Becker
Salut.
Ech kann dem Jacques do och recht ginn. Ech haat lescht Woch zu Waasserbelleg op der Spatz engem Däitschen nogekukkt wèi hièn mam Fouss eng Bèierfläsch an d' Waasser gestouss haat. Wèi ech hièn dorop opmiérksam gemaach hun, huet hièn zu mir gesoot ech soll mech em meng Saachen kemmeren.Besser et seet näischt. Et ass nemmen traureg dass ons Autoritèiten näischt ennerhuelen. Waat sollen mir ons dann Ièrgeren. Op ons gött dach nött gelauschtert.
Schèin Grèiss. Dario Di Genova
1
Propper Ufänner.
Zu den Rumeur’en déi laafen waat d’Sauer an virun allem de Stauséi ugeet. Do wieren angeblëch verschidden Plaazen gespaart gin dësën Summer (ëch hun Näischt sou bemierkt, well ëch sin iwerall hikomm wou ëch wollt an ëch sin vill um Stau). Anscheinend géifen déi Plaazen op éng Pétitioun vun der FLPS lo rëm opgemaat gin. Ëch weess nët op daat éng gutt Idée ass… well wann ëch um Stau, op der Sauer an och soss op der Musel sou rondërëm mëch kucken méngen ëch heiansdo ëch wier op éngem Dréckstip oder op énger Toilette !!! Ëch fannen ët duerfir an deem Sënn positiv dass verschidden Plaazen gespaart gin sin well einfach zëvill Geknaschtëls doruechter leien bliwen ass. Virun allem um Stau deet daat wéi, well wann mir nach méi Sauerei dohinner geheien hun mir irgendwann an ganz noher Zukunft eist eegent Drénkwaasser verseucht an dann mir mir ë ganz groussen landeswäiten Problem.
Ass ët dann wierklëch zëvill verlaangt dass een noom Fëschën säin eegenen Dréck nees matheem hëlt an doheem entsuergt ??? Firwaat bezuelen mir dann Taxen an deenen meeschten Geméngen fir sou Servicer wéi z.B. d’Valorlux an nach aanerer déi sëch ëm den Recycling këmmëren ??? Ëch sin och der Meenung (en ëch si nët eléng däer Meenung gottseidank) das éng Dréckstuut zum Standard-Equipement vun éngem gudden Feschër gehéiert, well si hëllt weder Plaaz, nach ass së ën zousätzlëcht Gewiicht waat en matschleeft. Op déi puer Gramm kënnt ët nët un !
Wier ët nët éng Idée dass mir als Fëschër an Naturfrënn ons mol heiansdo ganz spontan géifen zesummendin fir éng oder déi aaner Botzaktioun laanscht ons Gewässer z’ënnërhuelen ?
Ët kéint een jo bestëmmten Datumer festleen wou een sëch dann gesäit an mol éng Kéier nët fëschën geet, mee rondërëm de Knascht an Gedrécks opraafen geet. Daat wier mol éng positiv Alternativ an en plus léiert een dobei mol déi aaner Leit kennen an ëch kéint mir gutt virstellen dass daat ganz flott ginn kënnt.
Ëch wëll hei nët den Moralapostel spillen, mee ët geet mir sou op dë Geescht wann ëch fir d’éischt mol deenen aaneren Leit hirt Gedrécks opraafen muss éiert ëch iwerhaapt mol mat Fëschën ufänken kann. Ëch weess och dass lo rëm déi üblëch an an méngen Aan bëllëg Excuse kènnt daat wieren d’Touristen déi hire Knascht leien loossen. Dann ass ët villäicht ganz héich Zäit dass mir dogéint eppës ënnërhuelen, well souguer um Stau stin genuch Dréckskëschten déi an de Summerméint all Daag (jo wierklëch all Daag !!!) eidel gemaat gin. Villäicht misst eent déi Touristen dan mol drop hinweisen dass fir den Knäscht genuch Dréckskëschten doruechter stinn, mee meeschtens seet keen Mënsch eppës bis déi Leit dann fort sin an dann gët awer gemault an geéckert dass daat schéin Drécksäck wieren, mee t’ass awer käum een do deen de Knascht opraafen geet an propper entsuergt. An do schwätzen ëch äus Erfahrung, well deen Scénario do haat ëch oft genuch an dorobber hun ëch keen Bock méi ! Sin mir dann Fëschër oder sin mir kéng ??? An an deem Sënn giff ëch mol méngen wier ët ganz gutt wann mir heiansdo sou munch Leit op d’Fanger klappen géifen. Villäicht géif daat jo souguer gutt bei de Leit ukommen wann een si fein an frëndlëch drop hiweisen géif hiren Knascht matzëhuelen. Op allefall giff daat vill äusmaan waat d’Landschaftsbild rondërëm ons Gewässer äusmëcht.
Sin fir all Commentairen, Ureegungen an awer och Kritiken zu deem Thema erreechbar ënnër ménge E-Mail Adress : jbotzem@internet.lu
Do kann ech dem Jacques nemmen zoustemmen, wann mer all en bessen drun schaffen, dann ass et mei propper. Muss et emmer Gemeng oder den P&Ch sinn, di Weeer propper haalen, et brecht kemmen een Fanger oof, well en eng Fläsch aus dem Waaser hellt an se an di nächst Dreckskescht geheit, nee, eis Kanner an sou munchen kann, an wärt sech een gudd Beispill huelen.
( Komm lo keen mat der alljährlecher Botzaktioun vun der F.L.P.S., daat ass zwar gudd, geet awer net duer )
Claude
Thema
Propper Ufänner....
1,
Proper Ufänner
2,
Waat maan ?
3. ( 25.09.2006 )
Gewässerkommissioun
4. ( 26.09.2006 )
Ginn mer veraarscht ?
5. ( 20.03.2007 )
Stausee
6. ( 28.03.2007 ) Zoustänn
zu Reimech
7. Streikposten bei der Aweiung vum Quai vun der Marie-Astrid