Gewässerqualität in Luxemburg

 

 

Algenplage im Stausee

 

 

 

 

 


No 3 Joër Abstinenz an Saachen Commentairen schécken ëch lo folgend Biller vum Stau.
Esou gesäit ët de Moment tëscht der Romwiss an der Misärsbréck äus.
Am Schlëmmsten ass ët beim Barrage vun der Misärsbréck selwer... t'ass éng eenzëg Kloak an d'richt och esou.

Läut dem Journal op RTL wou de Phänomeen just kuerz ugeschwaat a gewisen gin ass (allerdéngs nët déi heiten Biller, déi vum 04.10.2009 sin.
Et géif jo awer kee Problem mat der Kalitéit vum Drénkwaasser bestoën.

Nujee appetitlëch ass ët jidefalls nët, ëch hun mëch selwer dovunner iwerzeecht.

Jacques B.
 





 

 


 

 

 

 

 

 

 


Beitrag 7...von Americo am 08.04.2009

Also ech fannen dat d´Wasserqualitéit sou eppes fun net gudd as. Fréier war et emmer  geil feschen ze goen. Du haas Spass! Okay lo hueste och  nach Spass well et dein Hobby as, mais d´Wasserqualitéit hellt emmer méi of. Dofir fannen ech muss do eppes ennerhol gin fir dat d´Wasser propper ged. Also ech wees net wat bis elo ennerhol gouf well ech sin net um neisten Stand.

En zweeten punkt as den Feschbestand an da Mettelsauer. Also mir kennt et sou fier wie wann emmer manner fesch an da Sauer sin. Viel Frellen gin et net  an da Mettelsauer. D´letzt Joer krut ech iwert 7 Frellen op da Sauer um 1 Abrell an elo mol net d´halschend, wat net normal as. Dofir wollt ech wessen op och all joer  Fesch agesaat gin.

Americo


Beitrag 6.....von Mario di Genova am 06.11.2007

Ech selwer sin och Fescher um Grenzgewässer. Ass et nött ubruecht d'Fescherei eng Saison ganz zouzeloossen ..Grenz a Bannengewässer fir dass daat ganzt sech  renaturèiert an sech e bessen erkritt?

Daat ass nött bèiss gemengt et ass nemmen meng Meenung. 

Dario

 


Beitrag 5....Die SEO, eine heilige Kuh ? 31.08.2007

                          Die S.E.O. eine heilige KUH  ?                      

Hei den Graph vum Pegel Bollendorf vum 22 August bis den 29.August. vum 22ten. Mueres 6 Auer bis den 23ten. Mueres 6 Auer  ass de Pegel zu Bollendorf iwert 1 Meter eropgaangen, ouni dass mir et Niderschlagsmeisseg gemierk haetten. Hun se do zu Esch/Sauer wuel erem Spetzestroum gemach? Keen Wonner, dass mer keng Fesch faenken, wann se do uewen d'Schleisen opmaachen an eiskalt Wasser vun ennen aus dem Stau erof duese loossen.

Do geet alles futti, d'Fesch, d'Insekten an d'Planzen. Ech mengen, do haten esouguer d'Kei op der Giewelsmillen den Henner nass kritt.

J.Q.

Den Waasserstand also och den Débit vum Stau get net vum SEBES gereegelt, d’SEBES zaap just Waasser aus dem Stau.

D’Staumauer gehéiert dem Staat, den Exploitant vum Stroum ass d’ SOLER SA, gehéiert der SEO (Vianden)

 Mee daat mam Waasserniveau ass ganz richteg, eng Sauerei

M.H.


Beitrag 4 ... Schaum auf der Mosel am 18.08.2007

 

 

Ech wees net wei et Iech geet, mee mech beonrouecht des Norricht...

Net weinst dem Schaumteppech....mee weinst der Informatiounspolitik, di hei bedriven gett...

Den Fescher wees schon seit 3 Wochen, dass och op der Sauer sou een Schaum schwemmt...an hei schreiwen se, den Schaum verschwennt zu Waasserbellech....keen Wuert, iwer eng eventuell Ursaach, keen Wuert, op daat elo am Staatslabo analyseiert gett.

An der Geigend vun Waasserbellech verfierwen sech Steng an der Sauer Rout..?? keen Wuert, keng Ursaach, keng Analyse..keng Info.

 

Eis Waasserwirtschaftsamt well et net kapeieren...eng Info " keine Gefahr für Mensch und Tier" geet hautzudaach net mei duer...

Claude

 

 

 

 

...........................................................................................................................................

Muselkommissioun huet gläich reagéiert. Dënn Koordinator vun de Gewässerkommissiounen ass am Waasseramt intervenéiert, an et sinn dorop hin endlech Prouwen geholl ginn. Dënn Clou vun der Saach ass, dat et no dënn Aussoe vum Waasseramt, 2 bis 3 Méint dauert bis FLPS Resultater vun dënn Prouwen kritt.

Staatsmillen muele bekanntlech lues.

.......

Dën 26 September 2007 krut FLPS d'Informatioun dass bei der ugefroter Wasserprouf d'Ursaach vun der Formatioun vum Schaum net konnt festgestallt ginn."

JM. Becker


Beitrag 3  ...Noel Arm am 24.06.2007

Salut Claude!

Eng ganz interessant Opstellung! Vill fehlen där, mais ech wëll Dir hei nach eng zou'kommen loossen, déi mir elementar wichteg kléngt. Ët geet ëm eis Drénkwaasser also och ëm "propperen Iwwerflächen Waasserlaaf, egal ewéi déi geologësch Zesummesetzung sech weist:
De Bauer fiirt matt éngem Traktor ( am Gewiicht vun baal engem Panzer Abrahams M1) matt engem Pifffaass hannendrunn iwwer séng Stécker! Hei drécken minimum 80 Tonnen op den Bue'dem! Geplou't gët nët méi richteg resp. nët méi déif genug!
De Bauer dréckt dën Önnergrond vum Bue'dem fest an zwar esou', datt ëppës ewéi Bëtong entsteet. Hei huet keng Drëps Reen méi d'Chance an déi ënnëscht Schichten virzestou'ssen, sech ze klären, an sech an énger Quell ze sammelen.
Eis nappe phréatique ass ganz einfach futti, ausser Kraaft gesaat!
Ët ass eng logësch Konsequenz, datt dë Piff (oder wéi een ët wëll nénnën) deen an esou' grou'ssen Quantitéitën op d'Stécker verspreet gëtt also am Iwwerfloss!, iwwer déi festgefue're Schicht riicht durch an deen nächsten Waasserlaaf leeft!
Waat d'Gesprëtz an dën Wéngërten ugeet muss ee leider feststellen, dass ët hei praktesch d'sëlwëcht geet! Hei kënnt de Remembrement nach derbäi, waat bedéngt, dass eis Wéngerten kéng Bänken méi hunn, an d'Rénwaasser mam Buedem de biergann an d'Musel an an d'Sauer laafen.
Ët ass äusserst rar gin, nach eng lie'wëg Eidechs oder e Schleek an eisen Wéngerten ze begéinën!
Ech wöll Dech drop hiweisen, dass, op Grond vun der Veröffentlëchung vun dësën Tatsaachen, d'Auteuren matt Morddrohungen iwwerschwémmt si gin!
Also.....
Noel Arm

Beitrag 2 ...Kieffer Ray am 18.06.2007

 Bravo Claude!!! 

All deng Froen sin berechtegt, an menger Iddi no, hues du den Nol op de Kapp getraff. Deng Meenung verdengt ganz einfach Respekt. Natierlech hun och ech déi eng oder aner Fro. Wien ass dann elo eigentlech zoustänneg? Wahrscheinlch keen oder wéi ëmmer, déi Aner. Mussen mer nach e puer deier Etuden man, déi souwéisou néischt brengen, oder? Verhandlungen mat denen zoustännegen Ministären an Verwaltungen!! Doran hun ech keen Vertrauen méi. No joërlangen Verhandlungen gesäit ët um Séi esou aus. Chaotësch Zoustänn mat den Fëschernachen op deenen wéinegen Plazen wou mer nach bei äist Fëschwasser bäikommen. 

            

 Mat dem Summer kommen erem dausenden vun Turisten un de Séi, leider och vill Vandalen!!! Op denen zwou Fotoen hei kënnt der däitlech eent vun hieren neien Spiller gesin: 

Booter  kippen oder versenken

( neng an enger Woch op der – BASE NAUTIQUE LIEFRANGE ) 

            

Als Stauséifëscher erënneren ech hei un d´Naturschutzgesetz, un algemeng Fuehrverbouet-schëlter  ( C2  ) déi an der Tëschenzäit schon bis zu 2 km virum Séi stin, un Barriären oder deck Steng an de Weeër, déi net nemmen de Fëscher, mee och den Ambulanzen esou wéi den Pompjeeën den Zougank zum Séi verspären. Op dëser Plaz ass ët awer och un der Zäit déi zoustänneg Ministären an Verwaltungen ze froën wéi et mat denen, virun Joren versprachenen Boots – an Parkplazen fir ais Fëscher ass. Zur Erënnerung : 18  Bootsplazen fir déi dréi Séien. 

Nët zu lescht awer hei een Auszoch aus engem Réglément G.D. betreffend d´Fëscherei  um Stauséi: 

D´une façon générale les pêcheurs sont tenus de n´apporter aucune gène, ni aucun danger aux usagers de ces endroits et ne pourront se prévaloir d´aucun trouble de jouissance.

Mat deenen beschten Fëschergréiss.

Kieffer Raym.


Beitrag 1 ...Strotz Claude am 01.06.2007 

Waat glift.....Haer Weidenhaupt, Haer Halsdorf, Haer Lux an wien nach emmer do zoustännech ass...ech mengen daat wees keen sou richteg.

Fier wéi domm haalt dir d'Öffentlechkeet an d'Fescher hei am Land. Mir brauchen keng Analysen fier ze wessen, wéi schlecht eist Waasser ass...wann mir eis Féiss an d'Waasser zappen an e bëssen um Fong wullen, dann stenkt et no SCHEISS an daat seet eis genuch.

Mir gleewen Iech net méi, daat dir eppes fier eis Gewässer wellt maan.

oder op et einfach um Desinteressi vun den Responsabele lait, ech wees et net. Et geet jiddefalls net duer nemmen ze verspriechen, an mengen domat wier et gedo, et gett een un sengen Dooten gemooss, net um Sonndesgespréich.

Claude Strotz



Antworten.... ?


Top